Artist: 
Search: 
Reddit

Camillo Felgen - So Laang We's Du Do Bast lyrics

So laang we's du do bast
So laang's du mir no bast
So laang wéi méng Aen
Dëch nëmmen gesinn

So laang we's du hei bast
So léiw an so trei bast
So laang kann fir mëch ët
Näischt Schéineres gin
 
Kuck, all méng Gedanken
Si wanken, si schwanken
Si sin stéits bei dir
An ech kann nët dofir

So laang we's du do bast
So laang's du mir no bast
So laang kann fir mëch ët
Näischt Schéineres gin
 
Wann's de heino och fort gees
Fir ëmmer no Nord gees
Dann solls du nët mierken
Méng heemelëch Träin

An wann's du géif's froën
Dann misst ech gestoën
So laang we's du do worst
So laang wor ët schéin
 
Et as so am Liewen
't geet monsches doniewen
All Stonnen déi schéin
Vill ze séier verbléin

Wann's du dann no Nord gees
Gleew mir, wann's de och fort gees
So laang we's du do bast
So laang wor ët schéin